Musek am Gespréich
De Frank Hemmerlé
0 min
De Frank Hemmerlé kënnt aus dem Elsass an huet um Conservatoire zu Karlsruhe studéiert. No engem Openthalt am "Musicians Institute" zu Hollywood entdeckt hien den Jazz, d'Originnen dervun an och di ganz Geschicht vun der Perkussioun an hir Symbolik beim Georges Paczynski zu Cergy-Pointoise bei Paräis. Zënter 1997 enseignéiert de Frank Hemmerlé am Conservatoire du Nord a spillt dacks an diverse Jazzformatiounen uechter Europa. De Frank Hemmerlé war beim Manuel Ribeiro am Studio fir seng musikalesch Visittekaart: um Menü, Jazz, zäitgenëssesch Musek a Weltmusek.