Musek am Gespréich
Wann Text an Diktioun wichteg ginn
0 min
Fir eng Partie Komponiste war an ass d'Musek méi wichteg wéi den Text. A "Capriccio", dem Richard Strauss sengem Konversatiounsstéck, steet d'Fro op: "Wählst du den einen - verlierst du den andern". Wéi wichteg kann en Text sinn? Wat ass Diktioun an d'Schwieregkeeten dervun? Wat ass "Art dramatique", a wéi kann een dat léieren? Ass en Text deen ee rezitéiert net och eng Aart Musek? De Manuel Ribeiro war am Escher Conservatoire an der Klass vun der Valérie Bodson.