Musek am Gespréich
Dirigent a Globetrotter
0 min
De radio 100,7 iwwerdréit reegelméisseg Concerten an Zesummenaarbecht mam SR2 KulturRadio, gespillt vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern. Chefdirigent ass de Pietari Inkinen. Am September 2019 fänkt de Finn seng drëtt Saison beim Orchester un. Den 1980 gebuerene Museker huet sech parallel zu sengem Geiestudium och fir d'Direktioun interesséiert. Duerch e spontanen Asaz zu Helsinki op engem Concert, gëtt et dem jonken Talent du kloer, dat d'Direktioun e wichtegen Deel vu sengem Liewe wäert sinn. Antëschent ass de Pietari Inkinen, nieft der DRP, och nach Chefdirigent beim Japan Philharmonic Orchestra, de Prager Symphoniker a bei de Ludwigsburger Schlossfestpiele.