Musek am Gespréich
Vum Concertssall an de Flüchtlingscamp
Wann de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg op Tournée ass, gi keng hallef Saache gemaach. Déi rezent Tournée, déi éischt zwou Wochen am Juni (2019), war e volle Succès. Vu Bréissel ass et och an Däitschland gaangen, an an d'Tierkei. Den Ofschlossconcert vun der Tournée war e leschte Méindeg zu Athen. Duerno sinn op Initiativ vun der Fondatioun EME (Ecouter pour mieux s'entendre) nach e puer Museker vum OPL bliwwen, fir sech mat Musek och sozial ze engagéieren. Kypselis, en Aarmevéierel vun Athen an och de Flüchtlingscamp vu Skaramagkas stoungen um Programm mat enger Serie Workshoppen. D'Kanner an déi Jugendlech ware begeeschtert fir kënne mat professionelle Museker aus engem groussen Orchester ze schaffen. De Manuel Ribeiro huet d'Museker bei de Workshoppen am Flüchtlingscamp a Griichenland begleet.