Musek am Gespréich
Erënnerung un den Krzysztof Penderecki
Virun enger Woch ass de polnesche Komponist Krzysztof Penderecki am Alter vu 86 Joer gestuerwen. De Krzysztof Penderecki war de bedeitendste polnesche Komponist vun deene leschte 60 Joer. Mat Lëtzebuerg hat en eng ganz besonnesch Relatioun.2005 gouf fir d'Ouverture vun der Philharmonie seng 8. Symphonie - Lieder der Vergänglichkeit - uropgefouert.Den 3. September 2000 huet de Penderecki am Stater Conservatoire seng Lukas-Passioun dirigéiert - e Concert am Kader vum Iechternacher Festival. Am Kader vun dësem Concert war och e Gespréich mam Krzysztof Penderecki, dat mir haut als Hommage un de Komponist nach emol diffuséieren.