Musek am Gespréich
Jacques Offenbach, e Liewe fir d'Musek
De Jacques (Jakob) Offenbach gouf 1819 zu Köln gebuer a war deemno en däitschen a kee franséische Komponist. Mee 1833 reest de jonken Cellovirtuos op Paräis, fir hei weiderzestudéieren an, firwat net, och eng grouss Karriär als Museker a Komponist ze maachen. Duerch verschidde Liewensëmstänn koum de Jacques Offenbach an den Orchester vun der Opéra Comique a fänkt un, Lieder ze komponéieren. Spéider gëtt hien als "Mozart des Champs-Elysées" bezeechent, wéinst senge satiresche komeschen Operen, zesumme mat zwee Librettisten.
Zu Köln gouf de Jacques Offenbach ni vergiess. Haut gëtt et eng Offenbach-Gesellschaft, déi 2019 den 200. Anniversaire vum Meeschter vun der Opéra Comique grouss gefeiert huet. De Manuel Ribeiro huet sech méi genee mam Liewen vum Offenbach beschäftegt.