Musek am Gespréich
Den Aris Quartett
0 min
Op Virschlag vun der Elbphilharmonie Hamburg an dem Konzerthaus Dortmund huet d'European Concert Hall Organisation (ECHO), an där och d'Philharmonie Member ass, den Aris Quartett - Anna Katharina Wildermuth an Noémi Zipperling (Gei), Caspar Vinzens (Braatsch) a Lukas Sieber (Cello) - fir d'Saison 2020/2021 als Rising Stars nominéiert. Si waren e leschte Méindeg (12.10.2020) fir e Concert an der Philharmonie. No dësem Optrëtt waren d'Noémi Zipperling an de Caspar Vinzens Invitéë vum Guy Engels an der Emissioun Musek am Gespréich.