Musek am Gespréich
De Quatuor Henri Pensis
De 25. Mee 2014 huet sech eng nei Kammermuseksformatioun mat Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg presentéiert: de Quatuor Henri Pensis. Den Henri Pensis (1900-1958) war den éischten Dirigent vum deemolegen RTL-Orchester, aus dem 1996 de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ginn ass. De Quatuor Henri Pensis spillt haut an der Besetzung: Ryoko Yano, Andrea Garnier (Gei), Aram Diulgerian (Braatsch) a Sehee Kim (Cello).