Musek am Gespréich
De Choix vun der klassescher Museksredaktioun
Am Joer 2020 gouf et eng ganz Rei Releasen am klassesche Beräich. Dominant waren d'Gattunge mat Piano an och Albumen aus dem Beräich "Historesch Opféierungspraxis".
De Guy Engels an de Luc Boentges presentéieren hir Favoritten aus den iwwer 200 CD-Tippen, déi d'klassesch Museksredaktioun d'Joer iwwer an der Emissioun Resonanzen virgestallt huet. D'Bandbreet geet vu klenge Solo-Opnamen, bis zu groussen Opere-Produktiounen a vun der Aler Musek bis an déi zäitgenëssesch.