Sequenza
Pianist a Poet
Den Herbert von Karajan huet hien 1988 am Alter vu 17 Joer op déi international Bün bruecht, zanterhier gehéiert de Jewgenij Kissin zu deene bedeitendste Pianisten aus zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert. 1991 ass de Pianist aus senger russescher Heemecht fortgaangen - op London an New York. Als richteg Heemecht consideréiert de Kissin allerdéngs seng jiddesch Originnen. 2013 gëtt hien israeelesche Staatsbierger. Zanter Jore beschäftegt de Kissin sech mat jiddescher Poesie an huet och scho selwer Kuerzgeschichten a Gedichter verëffentlecht.