Sequenza
E Pianist, dee sech amëscht
Et ass nach net laang hier, do huet den Igor Levit den Ëmgang oder besser den Net-Ëmgang vun der Politik mat der Kultur wärend der Corona-Pandemie kritiséiert. Et ass net déi éischte Kéier, datt de Pianist sech politesch a gesellschaftlech amëscht an duerfir och reegelméisseg sengersäits schaarf kritiséiert gëtt.
2017 war den Igor Levit fir eng Beethoven-Soirée am Trifolion zu Iechternach. Am Beethoven-Joer 2020 huet hie sämtlech Sonate vum Bonner Meeschter fir e Podcast opgeholl. "Das ist Musik, in der so unglaublich viel auf engstem Raum passiert! Genau das entspricht mir", seet den Igor Levit.