Sequenza
Glamour op den Tasten
2017 hat de Lang Lang sech mat enger Entzündung un der lénker Hand geplot, eng Entzündung, déi seng Karriär eescht a Gefor bruecht hat. Bis dohinner war de chineesesche Pianist de Glamour-Museker vun der Klassik, dacks schif bekuckt vun de Puristen awer begeeschtert vun engem Public, fir deen de Lang Lang de Pop-Star vun der klassescher Musek ass. Zanter seng lénk Hand nees ganz geheelt ass, erliewe mer een anere Lang Lang, e Museker, dee méi reflektéiert mat senger Konscht a sengem Liewen als Kënschtler ëmgeet.