Sequenza
Eng ongewéinlech Spilltechnik
1949 hat dee kanadesche Jazz-Pianist Oscar Peterson an der Carnegie Hall zu New York säin internationalen Duerchbroch. Seng ongewéinlech Spilltechnik - hien huet d'Fangersätz senge motoresche Fäegkeeten ugepasst - huet hien zu engem vun deene bedeitendste Jazz-Pianisten aus dem 20. Joerhonnert gemaach: 16 Éierendokteren, aacht Nominatiounen an d'Hall of Fame an de renomméierte Glenn-Gould-Präis.