Sequenza
Meeschter vun der Improvisatioun
"Meine Mission war es immer, die Freude am Gestalten zu bringen, wo immer ich konnte, und dies mit all den Künstlern zu tun, die ich so sehr bewundere - das war der Reichtum meines Lebens.", sot de Pianist Chick Corea kuerz viru sengem Doud, den 9. Februar dëst Joer. 1997 hat den Chick Corea e memorabele Concert zesumme mam Herbie Hanock an der Iechternacher Basilika am Kader vum Iechternacher Festival. Och duerno war de Pianist, fir deen et keng Grenzen tëschent Mozart an Jazz gouf, reegelméisseg zu Lëtzebuerg - eng leschte Kéier 2017 an der Philharmonie.