Sequenza
Alles ass ëmmer nei
Den Album "The Köln Concert" vun 1975 war den internationalen Duerchbroch fir de Keith Jarrett. Dobäi war dat net emol onbedéngt déi bescht Performance vum Pianist, well d'Ëmstänn schlecht waren: een zweetklassege Fligel, bei deem d'Pedallen an och eng Rëtsch Taste geklemmt hunn.
Wat de Succès vum Album an iwwerhaapt vum Keith Jarrett ausmécht, ass de spontane musikalesche Kreatiounsprozess. "Ech gi mat Näischt op d'Bün, mat enger quasi plakeger Séil a fänken ëmmer bei Null un" seet de Keith Jarrett, dee sech 2020 aus dem Concertsbetrib zeréckgezunn huet.