arrow_back_ios
Sequenza
Hoffen op Erléisung
Iwwer 50 Joer huet et gedauert, bis "Der fliegende Holländer" och am Tempel vun der Wagner-Musek zu Bayreuth ze gesi war. Domadder war e Bann gebrach, deen et änlech och an der Oper selwer gëtt: De Kapitän vum Geeschterschëff geet all siwe Joer u Land, fir déi richteg Léift ze fannen an domadder selwer vum Geeschterliewen duerch der Doud erléist ze ginn. De Richard Wagner selwer hat d'Erfarung gemaach, wéi et ass, wann ee Schëff an de Stuerm geréit.