Sequenza
Idomeneo, Re di Creta
Am Joer 1780 kritt dee 24 Joer jonke Mozart den Optrag fir de Münchener Karnaval vun 1781 eng grouss Oper ze schreiwen. Déi Opféierungs-praktesch Viraussetzungen zu München ware gutt: Wéi de Pfälzer Kurfürst Karl Theodor von der Pfalz Enn 1778 vu Mannheim op München geplënnert ass, hat hien eng Theatertrupp, e Sängerensembel an en Orchester matgeholl.
"Idomeneo" ass dem Mozart seng grouss Choueroper. Engersäits steet d'Oper a barocker Traditioun vun der Opera seria mat sengen ausgedeente Rezitativen, anersäits brécht de Mozart mam Librettist Varesco dës traditionell Form schonn op villen Facetten op.