Musek am Gespréich
Klassik Produktiounen aus Lëtzebuerg 2021
60 min
2021 war a punkto Klassik aus Lëtzebuerg oder mat Lëtzebuerger Interpreten op Disk nees ganz produktiv. Piano, Orchestermusek, Barock, Kammermusek an och e bësse méi liichte Kascht waren derbäi, mat Diske vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, de Solistes Européens, Luxembourg, Artemandoline, dem Cellist Benjamin Kruithof, de Pianistinne Cathy Krier a Sabine Weyer bis zum "Geiger von Echternach" vun der Lou Koster mat Singer Pur, der Sandrine Cantoreggi an dem Claude Weber.
De Manuel Ribeiro an de Luc Boentges hunn sech iwwer all dës Disken ënnerhalen.