Sequenza
De Mënsch an d'Mier
12 min
"Als ich 'Peter Grimes' schrieb, ging es mir darum, meinem Wissen um den ewigen Kampf der Männer und Frauen, die ihr Leben, ihren Lebensunterhalt dem Meer abtrotzten, Ausdruck zu verleihen - trotz aller Problematik, ein derart universelles Thema dramatisch darzustellen." Säin éischte grousse Succès - "Peter Grimes" - léist de de brittesche Komponist Benjamin Britten carrement bei sech doheem spillen.
De Fëscher Grimes an d'Mier si schicksalhaft mateneen verbonnen. Et ass déi eenzeg Méiglechkeet, fir dee vun der Gesellschaft verstoussenen Titelheld, sech de begrënnten oder onbegrënnten Verdächtegunge vun der klenger Duerfgemeinschaft - haut géif een duerfir Mobbing soen - ze entzéien.