arrow_back_ios
Sequenza
Net just eng Märchenoper
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
Nixen, Waasserfrae sinn an der Romantik e gängegt Thema. Denke mer nëmmen um Hans Christian Andersen säi Märchen "Die kleine Meerjungfrau" oder d'Geschicht vun der Undine, déi dacks a Musek ëmgesat gouf. Mat senger Oper "Rusalka" vun 1901 gräift den Antonin Dvorak och dëst Thema op. Duerch e musikalescht Leitmotiv bréngt de Komponist et fäerdeg, datt seng Protagonistin, déi am Fong stomm ass an net séngt, stänneg present ass.