arrow_back_ios
Sequenza
Wien ass Zar, wien ass Schräiner?
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow
Et ass am Fong den ideale Stoff fir eng Verfilmung: De russeschen Zar Péiter de Groussen ass incognito an Holland als Schräiner ënnerwee, fir de Schëffsbau ze studéieren. Well nach een anere Péiter, e russeschen Deserteur, op der Werft schafft, si Verwiesslunge virprogramméiert. D'Geschicht vun "Zar und Zimmermann" gouf effektiv e puermol verfilmt, virdrun war awer d'Operebün un der Rei. 1837 ass d'Uropféierung vun "Zar und Zimmernmann" vum Albert Lortzing, bis haut eng vun deene populäersten Operen am Repertoire.