arrow_back_ios
Sequenza
Net fir Open-Air-Eventer komponéiert
Den 28. Oktober 1971 gëtt d'Oper zu Kairo duerch e Brand zerstéiert. D'Haus louch just vis-à-vis vun der Pompjeeskasär, mee d'Hydranten hunn net fonctionéiert. Et war an deem fuschneien Operenhaus, wou op Hellegowend 1871 dem Giuseppe Verdi seng Oper "Aida" uropgeféiert gouf. Bis haut ass "Aida" eng vun deene populäersten Operen iwwerhaapt.