arrow_back_ios
Sequenza
Léift, Zauberei a Vollekserzielungen
"Der vollständigste Triumph, den man erleben kann", notéiert de Carl Maria von Weber no der Uropféierung vu sengem "Freischütz", den 18. Juni 1821 zu Berlin. No där Première ass et riicht virugaange mat der Wiener Produktioun am November 1821. Zu London stoung de "Freischütz" esouguer parallel an dräi Theateren um Programm. Ee vun de Grënn vun dësem enorme Succès ass d'Musek, sinn déi vill Vollekslidd-haft Melodien.