arrow_back_ios
Sequenza
Eeschtes vum Meeschter vum Vaudeville
Deen däitsche Schrëftsteller E.T.A. Hoffmann war e Multitalent. Hie konnt mat Wierder grad esou gutt ëmgoen, wéi mat Nouten, huet gedicht an och komponéiert. Datt hie selwer géif de Protagonist vun enger Oper ginn, hätt dem Romantiker Hoffmann sécher gutt gefall. De Jacques Offenbach, de Meeschter vun der komescher Oper, huet sech um Enn vu sengem Liewen e Wonsch erfëllt an eng eescht Oper komponéiert ronderëm den Dichter E.T.A. Hoffmann: "Hoffmanns Erzählungen". De Komponist ass allerdéngs gestuerwen, éier d'Partitur fäerdeg war.