Panorama
Panorama
12 min
1. D'Mesuren déi am Tripartite-Accord festgehale goufe kaschten 850 Milliounen Euro, d'Energie-Subventioune waren net an der Enveloppe vu 500 Milliounen Euro mat agerechent, preziséiert d'Finanzministesch Yuriko Backes
2. Op de Stonneloun gekuckt hunn 2021 Fraen hei am Land eng éischte Kéier méi verdéngt wéi Männer, mellt de Statec
3. Haut sinn zwee nei Lëtzebuerger Experten an der Tierkei ukomm, fir nom Äerdbiewen humanitär Hëllef ze leeschten
4. Nom Zuchaccident mat op d'mannst 57 Doudegen d'lescht Woch a Griichenland huet de Premierminister Kyriakos Mitsotakis dat Iewescht Geriicht am Land gefrot, sech mat der Enquête ze befaassen
5. D'UNO huet en Accord fonnt fir de Schutz vun de Mierer