1. Déi Stater Gréng, déi Lenk an d‘LSAP fuerderen eng Steier op eidel Wunnengen an op onbebauten Bauterrainen an der Stad Lëtzebuerg. An dëse Minutten ass d‘Debatt dozou am Gemengerot.
2. Ee Véirels vun de Kanner spiere sech hei zu Lëtzebuerg net a Sécherheet – virun allem an der Schoul. Dat ass eng Haapterkenntnis vum neie Joresrapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.
3. De belsche Premier soll weider Budgetsverhandlungen féieren an haut an enger Woch dem Kinnek een neie Rapport maachen.
4. 5 EU-Staaten wëllen d‘nächst Joer een Zenter fir an der EU ausgewisen Migranten am Ruanda opmaachen.
5. De brittesche Schauspiller Robert Pattinson gëtt den neien James Bond.