Klassik aktuell
Komponéieren am Park
8 min
Gebuer an eng räich Adelsfamill, huet d'Komponistin Dora Pejačević hire ganz eegene Kapp duerchgesat, just fir sech spéider dach de Konventioune vun der Gesellschaft ze beugen. Dësem Wee, an och de Kompositiounen, déi dorop entstane sinn, mécht sech den Trio Dora dëst Joer op d'Spuer. 2023 sinn et 100 Joer hier, datt d'Komponistin - no där den Yves Tordy, d'Annalena Castagna an d'Carole Mallinger-Leyers hiren Ensembel benannt hunn - gestuerwen ass.
Ënner dem Titel "The Dora Journey" proposéiere si eemol de Mount um radio 100,7 an um opus 100,7 eegen Opnamen an en Abléck an déi verschidden Theemen aus der Dora Pejačević hirem Liewen.
An dësem éischten Episod geet et am Gespréich mat der Pianistin Annalena Castagna ëm d'Kandheet vun der Komponistin.