Sequenza
Déi éischt Amerikanerin, déi eng Sinfonie komponéiert
8 min
Et ass eng Geschicht, déi bal net ze gleewen ass. Am Alter vu nëmmen engem Joer soll si scho bis zu 40 Melodien auswenneg gesongen hunn. A mat véier Joer transponéiert d'Amy Beach scho Pianosstécker. Si ass eng richteg Autodidaktin, déi als alleréischt Amerikanerin eng Sinfonie, hir "Gaelic Symphony", komponéiert huet. D'Maria Gutierrez huet an hirer Serie "Sequenza" iwwert Komponistinnen ee méi geneeë Bléck op d'Liewe vun der Amerikanerin geworf.