Panorama

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow

1. Mat engem ambitiéisen Energie- a Klimaplang wëllt d'Regierung géigesteieren, e ganze Pak u finanzielle Mesuren soll den Ausbau vu Photovoltaik-Anlagen ënnerstëtzen. Parallel soll d'CO-Tax schrëttweis erhéicht ginn

2. Den 8. Mee sollen d'Eisebunnslinnen Ettelbréck-Kautebaach respektiv Kautebaach-Wolz nees opgoen, dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch gëschter confirméiert. Fir d'Reouverture vun der Streck Kautebaach-Klierf, wou en Tunnel agefall war, gëtt et nach keen Datum

3. De Prozess Lunghi-RTL gouf op en Neits verluecht: Ee vun den Ugeklote konnt wéinst gesondheetleche Grënn net derbäi sinn, hien insistéiert awer fir seng Ausso viru Geriicht ze maachen. De Prozess hat Enn Februar scho misse verluecht ginn, well en Affekot gesondheetlech Problemer hat

4. En Appell u China sech un international Reegelen ze halen an un de Sudan d'Gewalt am Land direkt ze stoppen: D'G7 Staaten hu gëschter a Japan e Schlussdokument verëffentlecht. Et ass een och zu weidere Sanktioune géint Russland bereet

5. D'Rentereform war inevitabel, soss wieren d'Renten erofgaangen oder d'Cotisatiounen erop, esou de franséische President Emmanuel Macron gëschter a senger Televiounsried. Hien huet versprach op d'Patronen an op d'Gewerkschaften duerzegoen

6. Plainte géint Taxonomie: Verschidden Ëmweltorganisatioune kloen virum Europäesche Geriichtshaff géint d'Aklasséiere vu Gas an Atomenergie als nohalteg Energieformen. Och Éisträich a Lëtzebuerg haten eng Plainte géint déi sougenannt EU-Taxonomie agereecht

7. Am Bundesstaat Missouri an den USA gouf elo ee 85 Joer ale Mann ugeklot, hien hat duerch eng Dier op e jugendlechen Afroamerikaner geschoss, well deen iertemlecherweis u senger Dier geschellt hat. Dee 16 Joer ale Bouf gouf liewensgeféierlech um Kapp blesséiert

8. An der Fussball Champions League sinn haut d'Retourmatcher vun de Véierelsfinallen, Chelsea spillt géint Real Madrid a muss en 2-0 Retard ophuelen, Neapel trëfft op AC Mailand, Mailand hat hei am aller Match 1-0 gewonnen

Episoden

headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Déi Lénk stëmme fir d‘Steierreform / Studenteprotester a Frankräich gi weider / E Belsch kritt de Physiknobelpräis
headphones

15 min

play_arrow

Moiespanorama

Santé: Reglementer, déi Konventioun tëscht Dokteren an CNS ersetzen, ginn iwwerschafft / Schülerprotester Frankräich: Nationalen a landeswäiten Aktiounsdag
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Santé: Reglementer, déi Konventioun tëschent Dokteren an CNS ersetzen, ginn iwwerschafft / Schülerprotester Frankräich: Nationalen a landeswäiten Aktiounsdag
headphones

12 min

play_arrow

Panorama

Mat ë.a. de Sujete Lëtzebuerger Statsfinanzen, Schülerprotester a Frabkräich an Nations League am Fussball
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Perdo Sánchez rifft Neiwalen a Spuenien aus / UNEL ass solidaresch mat franséische Schülerprotester / Nobelpräis Medezin fir zwee däitsch an en amerikanesche Fuerscher
headphones

14 min

play_arrow

headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

LU-Alert: Landeswäiten Test am spéide Moien / No Sozialwalen: OGBL krut Recht am juristesche Sträit mam LCGB / Brasilien: Stéchwal tëscht Flávio Bolsonaro a President Lula
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Iwwer 1.400 Brasilianer mussen zu Lëtzebuerg haut iwwer hieren neie President ofstëmmen / Regierungspartei wënnt d'Walen a Lettland / Lëtzebuerg verléiert 0-1 géint Estland
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanorama

Supermarché verkeeft Pëtrolsproduite méi bëlleg: grousse Succès / Spannung virun de Presidentewalen a Brasilien / Lëtzebuerg verléiert 0-1 géint Estland
headphones

8 min

play_arrow

headphones

8 min

play_arrow

Mëttespanorama

1 Joer Grand-Duc Guillaume / Flydubai-Flug: Copilot war bei enger Compagnie wéint Sécherheetsbedenken entlooss ginn / Frankräich: Suite vun de Schülerprotester en Dënschdeg
headphones

8 min

play_arrow

Moiespanorama

G7-Länner ginn 100 Mio Barrel Pëtrol fräi / Neit Joer: soziale Mindestloun klëmmt ëm 3,8% / Frankräich: 5000 Interpellatioune bei Schülerprotester des Woch
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

D‘G7-Länner ginn Diesel- a Petrolsreserven fräi / Bedruchsfall Déifferdeng: FGFC mécht Sécherheetsmoossnamen verantwortlech / Frankräich: Schüler wëllen hir Protester weiderféieren
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Joyeuse Entrée zu Einen / Lëtzebuerg kéint och Leit an Drëttstaaten zeréckschécken / EU-Krisesëtzung wéinst US-Dieselfuederungen
headphones

13 min

play_arrow

Sportslycée zu Mamer: Platz fir 646 Schüler / Greco-Rapport: Recommandatiounen un d'Gemengen am Kampf géint d'Korruptioun / Frankräich: Suite vun de Schülerprotester
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Sportslycée zu Mamer: Plaz fir 646 Schüler / Greco-Rapport: Recommandatiounen un d'Gemengen am Kampf géint d'Korruptioun / Frankräich: Suite vun de Schülerprotester
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

EU-Justizkommissär Michael McGrath zu Lëtzebuerg / 127 Milliounen Euro fir neit Croix-Rouge-Gebai / Frankräich: Schülerprotester breeden sech weider aus
headphones

13 min

play_arrow

headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Bedruchsaffair zu Déifferdeng: 400.000 Euro si fort / Vun haut un: nei Prozedur fir d'Ufroen vun Openthaltsgenehmegungen / Tennessee: Fra iwwerlieft Hirichtung
headphones

11 min

play_arrow