Panorama
Panorama
10 min
No der Affär vun Detournement vun ëffentleche Suen an der Gemeng Hesper wier et schwéier d'Vertrauen an déi Gemengeresponsabel zeréckzekréien, dat sot de Claude Lamberty vun der DP de Moien op eiser Antenn bei enger Diskussiounsronn iwwer d'Gemeng Hesper am Kader vun de Gemengewalen
D'Gewerkschaften hunn de Lëtzebuerger Sozialmodell verdeedegt a Kritik u verschiddene Patrone geäussert - gëschter um Dag vun der Aarbecht. A Frankräich goufen um 1. Mee iwwer 100 Poliziste blesséiert bei weidere Protester géint d'Pensiounsreform
Déi sougenannten Artifiziell Intelligenz wier geféierlech, seet ee vun de Pionéier vun där Technologie, hien huet och elo vu senger Plaz bei Google am Beräich AI demissionéiert