Sequenza
Zwou zäitgenëssesch Komponistinnen
9 min
Zwou Musekerinnen, déi net nëmmen zäitgenëssesch Musek schreiwen. D'Lera Auerbach ass eng éisträichesch-amerikanesch Musekerin, déi och ee grousse Faibel fir d'Poesie huet. Fir si huet d'Musek eng ganz déif Bedeitung fir d'Liewen.
Déi griichesch Musekerin Konstantia Gourzi schreift scho mat siwe Joer hir éischt Museksstécker fir hir Mamm. Nom Studium zu Berlin gëtt si selwer Professorin un der Musikhochschule zu München an huet do och viru ronn zéng Joer den Ensembel oktopus gegrënnt. Dës Woch (Juli 2023) gouf déi griichesch Musekerin mam Opus Klassik Präis als Komponistin vum Joer ausgezeechent.
D'Maria Gutierrez kuckt op d'Liewe vun dësen zwou zäitgenëssesch Komponistinnen.