Panorama
Panorama
14 min
1. D'Faillite vun der Baufirma Manuel Cardoso soll an den nächsten Deeg offiziell gesprach ginn, haut war eng Reunioun mam Aarbechtsminister
2. déi Lénk fuerdert, datt de Staat d'Baufirma Cardoso soll opkafen an déi éischt ëffentlech Wunnengsbaufirma doraus soll maachen
3. déi gréng Fraktioun zitt hire parlamentaresche Bilan a gëtt sech vill Bonne-notten, virun allem an der Logementspolitik
4. Drëtte Mafioso zu Lëtzebuerg festgeholl, de Mann huet sech der Police selwer gestallt
5. Am Saarland goufen dräi Männer festgeholl, déi hei zu Lëtzebuerg an en Haus agebrach waren
6. D'Unisec vun Dräibuer soll deemnächst méi kloer definéiert rechtlech Strukture kréien
7. Dee 15 Joer ale José Rafael Teixeira de Azevedo gëtt vermësst
8. D'Bensinns- an d'Mazuttspräisser klamme vu Mëtternuecht un
9. D'EZB huet d'Leetzënsen ëm 0,25 Prozentpunkten op 4,25 Prozent eropgesat
10. De Juli gëtt dee wäermste Mount an de leschte puer Dausend Joer: d'Ära vun der Äerderwiermung wier eriwwer, déi vun der "Ebullitioun" hätt ugefaangen, esou den UNO-Chef
11. Putsch am Niger: UNO an EU fuerderen, datt de President direkt fräigelooss gëtt
12. Tour de France vun de Fraen: déi Däitsch Ricarda Bauernfeind gewënnt déi fënneft Etapp