Panorama
Panorama
11 min
1. De Staat wäert dëst Joer viraussiichtlech keen neien Emprunt méi musse maachen. Den Ament läit d'Staatsschold bei 24,7 Prozent vum PIB.
2. Den Daachverband vun den Alters- a Fleegeheemer COPAS ass net zefridde mam neie Gesetz iwwer d'Qualitéit vun de Servicer an de Strukturen. Den Text wier net ausgeräift, ass et d'Kritik vun hirem President Marc Fischbach
3. Wéi ass d'Situatioun fir d'Entwécklungsaarbecht am Niger, nom Militärputsch am Land? Mir hu bei enger Lëtzebuerger ONG nogefrot, déi zanter Joren am Niger aktiv ass
4. A Frankräich ass de PIB enger éischter Estimatioun no am zweeten Trimester ëm en hallwe Prozentpunkt gewuess
5. Déi däitsch Wirtschaft rëtscht net weider an d'Rezessioun, allerdéngs huet se am zweeten Trimester stagnéiert
6. Virun der hollännescher Küst brennt nach ëmmer e Cargoschëff mat ronn 3.800 Autoen u Bord. Wéi de Muere bekannt gouf, wieren och eng 500 Elektroautoen um Schëff, amplaz vu 25 wéi bis elo gemellt gi war.