100 Joer Swedish Radio Choir Gëschter - 20h00 En a cappella-Concert mat schweedeschen an aneren europäesche Komponiste vun der Renaissance bis haut
Sayako Kusaka and friends 14 Abr. 2025 - 20h00 Déi japanesch Geiistin Sayako Kusaka presentéiert Musek vu Bach, Mahler, Clara a Robert Schumann.
Hommage un d'Sofia Gubaidulina 13 Abr. 2025 - 20h00 Dës Emissioun ass en Hommage un d'Komponistin Sofia Gubaidulina, déi den 13. Mäerz 2025 gestuerwen ass.
Romantesch Téin aus der Philharmonie 13 Abr. 2025 - 12h10 D’Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker invitéieren op e Kammermusiksconcert mat fréiromantesche Wierker vu Schumann, Mozart a Weber.
Hommage un de Vladimir Valek 07 Abr. 2025 - 20h00 Dëse Concert setzt sech zesummen aus verschiddenen Opnamen vum Prager Radio Symphonieorchester ënnert der Leedung vun sengem laangjährege Chefdirigent, dem Vladimir Valek.
Op de Spuere vu "Carmen" 06 Abr. 2025 - 20h00 D'Oper "Carmen" begeeschtert de Public ëmmer op en Neits, mee och déi zwou Carmen Orchestersuitte kennen e grousse Succès. An dës sinn net déi eenzeg gefeiert Wierker an dësem Programm.
"Wir sind wie zwei Brüder" 06 Abr. 2025 - 12h10 Den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich spillen de 27. Januar 2025 ee Concert an der Philharmonie, um Mozart sengem Gebuertsdag an um Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust.
Galaconcert SOS Weltkannerdierfer 02 Abr. 2025 - 20h00 Ee Concert an der Philharmonie am Kader vum Galaconcert fir d'SOS Weltkannerdierfer den 12. Dezember 2024. D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen zesumme mam jonken ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko.
Franz héich 2 30 Mäe. 2025 - 20h00 Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.
Zäitrees an d’Wiener Klassik 30 Mäe. 2025 - 12h10 Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vu Mozart a Beethoven.
Concert a Commemoratioun vum Holocaust 26 Mäe. 2025 - 20h00 Optrëtt am Mierscher Theater am Kader vum 80. Joresdag vun der Befreiung vun Ausschwitz mat der Lëtzebuerger Militärmusek
100 Joer Pierre Boulez 24 Mäe. 2025 - 20h00 De Pierre Boulez ass virun allem bekannt als Komponist vun Neier Musek. Als Dirigent huet hie sech awer engem méi traditionelle Repertoire gewidmet.
An der Welt vun de Märercher 23 Mäe. 2025 - 20h00 Musikalesch Märercher aus 1001 Nuecht an den 1. Celloconcerto vum Schostakowitsch
Vu Montfort op Saint Germain 23 Mäe. 2025 - 12h10 Franséischen Impressionismus vun Debussy a Ravel mat dräi Professeren aus dem Stater Conservatoire.
Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc 16 Mäe. 2025 - 20h00 E Programm, dee sech ronderëm den Dag vun der Aler Musek dréit.
Concert aus de Schwäizer Bierger 16 Mäe. 2025 - 12h10 Dee weltberüümte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud spillt dem Mozart seng bekannte Quartetter fir Flütt.
Hommage un den Danz 12 Mäe. 2025 - 20h00 Ee Concert als Hommage un den Danz mat der Uropféierung vun "Imbalance" vum jonke Lëtzebuerger Komponist Félix Túrrion Eichler
Multitalent trëfft op Wonnerkand 10 Mäe. 2025 - 20h00 Mozart an Abel stinn um Concertsprogramm vum Kammerorchester vum rumänesche Radio zesumme mat der Pianistin an Dirigentin Simona Strungaru.