Als Jeanne-Louise Dumont ass si 1804 zu Paräis gebuer an an engem Kënschtlermilieu opgewuess. Dat huet et hir och erlaabt, Kueren an der Kompositioun an an der Instrumentatioun ze huelen - eppes wat fir Fraen zu där Zäit éischter onüblech war. Dat heescht awer net, datt et ëmmer einfach fir d’Louise Farrenc war: och no jorelaanger Erfarung a Succès als Pianosproff, Komponistin a Musikerin, huet si ëmmer nees missten dofir kämpfen, d’nämmlecht wéi hir männlech Aarbechtskolleegen respektéiert a remuneréiert ze ginn.
A souguer wann si et zu Liefzäite gepackt huet, duerch hir Musik relativ bekannt ze ginn, sinn hir Wierker no hirem Dout 1875 nees a Vergiessenheet geroden. Eréischt an de leschte 50 Joer, wou d’Recherche ronderëm weiblech Komponistinne geziilt gefërdert ginn ass, sinn hir Wierker nees nei entdeckt ginn.
Presentéiert gëtt dëse Concert vum Tanja Duprez. Dir kënnt d’Emissioun nach bis de 15. Oktober 2025 online an der opus-Mediathéik nolauschteren.
Programm:
Johann Michael Haydn (1737-1806): Divertimento an Do, MH. 27
Louise Dumont Farrenc (1804-1875): Pianosquintett No. 1 a La Mineur, op. 30
Alexander Borodin (1833-1887): Sträichsextett a Re mineur
Max Bruch (1838-1920): Sträichoktett, op. posth.
Interpreten:
Mohamed Hiber and friends
Mohamed Hiber, Gei
Christel Lee, Gei
Boris Brovtsyn, Gei
Svetlin Roussev, Gei
Diana Tishchenko, Gei
Gareth Lubbe, Braatsch
David Abrahamyan, Braatsch
Diemut Poppen, Braatsch
Alexander Chaushian, Cello
Tim Park, Cello
Nabil Shehata, Kontrabass
José Gallardo, Piano