Fir den Dirigent Josep Pons geet et mat dëser 1. Matinée an déi nei an domat och seng mëttlerweil zweet Saison mat der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken-Kaiserslautern.
Begleet gëtt hien op dëser Rees an den Olymp, wéi de Concert iwwerschriwwen ass, vum Pianist Javier Perianes. Mat de Wierker vu Claude Debussy a Maurice Ravel ginn si zesumme mat eis an déi griichesch-réimesch Erzielungen.
Den Debussy an de Ravel sinn déi wuel bekanntste Komponiste wann een un de franséischen Impressionismus denkt. Mat der "Prélude à l'après-midi d'un faune", dem Pianosconcerto a Sol Majeur an den zwou Suitten aus "Daphnis et Chloé" erwaart dech ee Concert tëschent Rou an Extas, Dram a Realitéit, Dag an Nuecht.
Duerch de Concert, dee mir Sonndes de 6. September 2026 live iwwerdroen hunn, begleeden d'Gabi Szarvas (SR Kultur) an de Lex Kauffmann (Opus).
Programm:
Claude Debussy (1862-1918): Prélude à l'après-midi d'un faune
Maurice Ravel (1875-1937): Pianosconcerto a Sol Majeur
Maurice Ravel (1875-1937): Suitten 1 an 2 aus 'Daphnis et Chloé' (Ballet)
Interpreten:
Javier Perianes (Piano)
Deutsche Radio Philharmonie
Josep Pons (Dirigent)