Wann Jazz op Klassik trëfft

play_disabled
on the headlines

No engem éischter fréie Wierk vum Wolfgang Amadeus Mozart, seng 14. Sinfonie, déi hie mat nëmme 15 Joer no senger zweeter Italierees geschriwwen huet, woe mir direkt e Sprong an d'20. Joerhonnert an op déi aner Säit vum grousse Pull.

Dem Aaron Copland säi Klarinette-Concerto, geschriwwen tëschent 1947 a 1949, ass en Optragswierk vum Klarinettist Benny Goodman. Stilistesch huet de Copland eng ganz Rei Jazzelementer agebaut. Seng musikalesch Signature, déi hie selwer als "bittersweet lyricism" beschreift, ass, esou seet hien, senge Gefiller vu sozialer Ofgrenzung duerch seng Homosexualitéit geschëlt.

No dësem Concerto dauche mir nach eemol an dem Mozart seng Sinfonien an, dës Kéier mat senger 36., och nach bekannt ënner dem Numm "Linzer Sinfonie". Wéi den Numm et verréit huet hien dëst Wierk bei engem Stopp vun nëmme 4 Deeg an der Stad Linz komponéiert.

Zum Ofschloss komme mir da bei eng ganz aner Sinfonie: dem William Grant Still seng "Afro-American Symphony". Dës Sinfonie huet e ganz besonnesche Stellewäert: et war déi éischt Sinfonie vun engem afroamerikanesche Komponist, déi vun engem etabléierten US-amerikaneschen Orchester uropgeféiert gouf. Dës Sinfonie aus dem Joer 1930 verbënnt Blues-Elementer an déi deemools typesch afroamerikanescher Rhythmik mat den traditionell sinfonesche Formen.

Opgeholl gouf dëse Concert am Grousse Sall vun der Alten Oper zu Frankfurt an Dir kënnt en nach ee Mount laang an der Mediathéik vum Opus 100,7 nolauschteren.

Programm:

Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791):

• Sinfonie Nr. 14 a La Majeur, K. 114

Aaron Copland (1900-1990):

• Klarinette Concerto

Wolfgang Amadeus Mozart:

• Sinfonie Nr. 36 an Do Majeur, K. 425 ("Linz")

William Grant Still (1895-1978):

• Afro-American Symphony

Interpreten:

• Martin Fröst, Klarinett

• HR-Sinfonieorchester

• Riccardo Minasi, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Luxembourg Chamber Players | © Paul Reuss

Luxembourg Chamber Players

Vun Dänemark iwwer Schwede bis a Russland
headphones

136 min

play_arrow
Europa danzt ... | © Karol Sokolowski

Europa danzt ...

Den European Union Baroque Orchestra presentéiert extravagant Danzmusek aus Frankräich, England an Däitschland, komponéiert vu Rameau, Purcell, Telemann a Bach.
headphones

126 min

play_arrow
The Dream of Gerontius vum Edward Elgar | © Cristina Tanase

The Dream of Gerontius vum Edward Elgar

De Cristian Măcelaru dirigéiert eent vun de Meeschterwierker vum Edward Elgar, säi Vokalwierk "The Dream of Gerontius", an der Kölner Philharmonie.
headphones

122 min

play_arrow
Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival

Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof trëtt mat zwee Frënn op: mam Pianist Marco Sanna a mam Geiist Ruslan Talas
headphones

112 min

play_arrow
Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass | © Bohumil Kostohryz

Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass

"Ernstes Spiel - gespielter Ernst” ass de Motto vum Ofschlossconcert vun de MusicDays Vianden 2025.
headphones

124 min

play_arrow
Dem Bach seng Meeschterwierker | © Piergab

Dem Bach seng Meeschterwierker

De Raphael Pichon mécht säin Debut mat de Berliner Philharmoniker a presentéiert ënner anerem d'Mass a Si bémol Mineur vum J.S. Bach.
headphones

123 min

play_arrow
D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025 | © CG Watkins

D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025

"The orchestra: a body of sound", den Orchester als Klangkierper, dat war de Motto vun engem Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025.
play_disabled
Rencontre musicale | © Quell: Conservatoire de la Ville du Luxembourg

Rencontre musicale

An der Concertsbeschreiwung gouf scho kloer: dëse Concert ass eng Raritéit. An dat geet schonn aus der Besetzung selwer ervir: Harf mat Blechbléiser.
headphones

109 min

play_arrow
Orchestre de Chambre du Luxembourg live aus der Philharmonie

Orchestre de Chambre du Luxembourg live aus der Philharmonie

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg spillt Wierker vum Ravel a vum Hayden an interpretéiert eng Uropféierung vum Markus Brönnimann.
play_disabled
Märerchersstonn mam OCL | © Nebojsa Babic

Märerchersstonn mam OCL

E märchenhafte Concert vum Orchestre de Chambre de Luxembourg ënner der Baguette vum Mariano Chiacchiarini mat Erzielungen vun der Milla Trausch
play_disabled
Fokus op dem Verdi säi Requiem | © Felix König

Fokus op dem Verdi säi Requiem

Ronn 90 Minutte Musek als Undenken un den italieeneschen Auteur Alessandro Manzoni, oder awer un den Gioacchino Rossini?
headphones

130 min

play_arrow
Galaconcert vum Geza Anda Concours | © Matthew Huang

Galaconcert vum Geza Anda Concours

Galaconcert vum Geza Anda Piano Concours an der Tonhalle vun Zürich mat de Gewënner Mihály Berecz, Dmitry Yudin an Ilya Shmukler.
headphones

120 min

play_arrow
Romantesch Empfindlechkeet | © Pixabay

Romantesch Empfindlechkeet

Eng Formatioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker hëlt Iech mat an d'Klangwelt vum Anatoli Liadov, der Tatsiana Zelianko an August Klughardt. Ländlech, imaginär a ganz zougänglech.
headphones

113 min

play_arrow

Aus Nördlichen Gefilden

Stiermesch Melodien, lëfteg Klangfaarwen a räich Harmonien
headphones

120 min

play_arrow
Bach meets Jazz mam Brad Mehldau | © Simon Jay Price

Bach meets Jazz mam Brad Mehldau

Jiddereen ass e Fan vum Bach: de Strawinsky, Webern an och ... d'Jazz Musekerinnen a Museker.
play_disabled
Fusioun vu Vollekslidder a Klassik | © Blunderbuss NRK

Fusioun vu Vollekslidder a Klassik

Den Norwegesche Radiosorchester spillt ënnert der Leedung vum Petr Popelka an dem Ingar Bergby Wierker vum Mozart, Dvořák a Ligeti.
play_disabled
I got rhythm | © Kevin Prud'Homme

I got rhythm

Gershwin, Bernstein, Copland a vill aner amerikanesch Komponisten
play_disabled
Chouermusek vu Monument bis Raritéit | © Chorale Saint Michel

Chouermusek vu Monument bis Raritéit

Direkt zwee Anniversairë feiert de Mechelschouer dës Saison ; 175 Joer Chorale Saint Michel a 65 Joer mam Gerry Welter als Dirigent. Dat mat Wierker vu Schumann a Bach op hirem tra
play_disabled
E romantesche Potpourri mam Lang Lang | © Olaf Heine

E romantesche Potpourri mam Lang Lang

De Starpianist Lang Lang an d'Düsseldorfer Symphoniker mat engem Programm vu Mendelssohn bis Dvorák.
play_disabled

Jonke Lëtzebuerger Quartett

De Yanis Grisó, d'Cathy Heidt, d'Sophie Urhausen an de Matis Grisó spillen hiren éischte gemeinsame Kammermusekconcert an der Philharmonie.
play_disabled