Déi faméis Melodie, mat där dem Felix Mendelssohn säi Concerto fir Gei a Mi Mineur ufänkt, zitt een direkt an d’Welt vun der Romantik.
Mat nëmme 25 Joer steet hei déi däitsch Geiistin Anne Luisa Kramb als Solistin op der Bün – op enger Stradivari aus dem Joer 1724. Zesumme mam Staatleche Sinfonieorchester Litauen an ënner der Leedung vum chileeneschen Dirigent Luis Toro Araya entsteet zu Vilnius e Concert voller Kontraster: Dem Mendelssohn seng lyresch a virtuos Geiemusek trëfft op dem Brahms seng däischter Tragesch Ouverture an dem Dvořák seng 7. Sinfonie, mat hirer dramatescher Spannung.
Hanner dëser musikalescher Begéinung steet de Goethe-Institut, deen am Kader vum internationale Kulturaustausch däitsch Kënschtler mat kulturelle Partner aus aller Welt zesummebréngt.
Programm:
Johannes Brahms (1833-1897): Tragesch Ouverture, Op. 81
Felix Mendelssohn (1809-1847): Concerto fir Gei a Mi Mineur, Op. 64
Antonín Dvořák (1841-1904): Sinfonie Nr. 7 a Ré Mineur, Op. 70
Interpreten:
Anne Luisa Kramb (Gei)
Staatleche Sinfonieorchester Litauen
Luis Toro Araya (Dir.)
Dëse Concert gouf den 10. Oktober 2025 opgeholl, an de Matschnëtt ass nach bis de 4. November 2026 an eiser Mediathéik disponibel.