Iwwer 50 Millioune Leit lauschtere weltwäit den Neijoerschconcert vu Wien. An 2026 sidd och Dir dobäi, mam Opus. Mir iwwerdroen dëse Concert live op der Antenn den 01. Januar vun 11:15 un! Iwwer DAB+, an der opus 100,7 App oder iwwer www.opus.radio
Freet Iech op liicht a sprëtzeg Kläng, schwongvoll Melodien an natierlech op déi grouss Meeschterwierker aus der Strauss Dynastie, gespillt vun de Wiener Philharmoniker ënner dem Dirigent Yannick Nézet-Séguin.
De Lex Kauffmann begleet Iech duerch de Concert a bréngt deen eenzegaartege Sound aus dem Gëllene Sall vum Wiener Musikverein heem bei Iech an d’Stuff!
Programm:
Johann Strauss II
- Ouvertür aus "Indigo und die vierzig Räuber"
Carl Michael Ziehrer
- Donausagen, Walzer op.446
Joseph Lanner
- Malapou-Galopp, op.148
Eduard Strauss
- Brausteufelchen, Polka, op.154
Johann Strauss II
Fledermaus-Quadrill, op.363
Johann Strauss I
Fuesend zu Paräis, Galopp op.100
Franz von Suppé
- Ouvertür aus "Die schöne Galathée"
Josefine Weinlich
- Sirenen Lieder, Polka, op.13
Josef Strauss
- Frauenwürde, Walzer op.277
Johann Strauss II
Diplomaten-Polka, op.448
Florence Price
-Rainbow Walz
Hans Christian Lumbye
Kobenhavns Jernbane-Damp-Galop
Johann Strauss II
- Rosen aus dem Süden, Walzer op.388
Johann Strauss II
Egyptischer Marsch, op.335
Josef Strauss
Friedenspalmen, Walzer op.207
Interpreten:
Wiener Philharmoniker
Yannick Nézet-Séguin, Dirigent