Am Kader vum Concert on the Green 2025 am Chenshan Botanical Garden zu Shanghai, spillen d'Düsseldorfer Symphoniker ënnert der Leedung vum ungareschen Dirigent Ádám Fischer, déi bekanntste Wierker aus der romantescher Orchesterliteratur.
No direkt zwou Ouverturë vum Orchester, eemol aus dem Johann Strauss senger Operett "Die Fledermaus" an dono dem Robert Schumann seng "Hermann und Dorothea" Ouverture, ass et de Starpianist Lang Lang, deen op d'Bün kënnt fir zesumme mam Orchester dem Felix Mendelssohn säin éischte Piano Concerto zum Beschten ze ginn. Mee och Musek aus Tschechie steet um Programm vun dësem Concert, dat mam Antonín Dvorák sengem zweete Slaweschen Danz.
Zum Ofschloss sinn et dann zwee Klassiker, déi d'DüsseldorferSymphoniker dem chineesesche Public presentéiert hunn: eemol dem FelixMendelssohn säin allsäits gespillten Hochzäitsmarsch, baséierend op dem WilliamShakespeare sengem "A Midsummer Night's Dream" an do hannendrun demJohann Strauss säi Wierk "An der schönen blauen Donau".
Opgeholl gouf dëse Concert am Chenshan Botanical Garden zu Shanghai an Dir kënnt en nach fir ee Mount an der Mediathéik vum Opus100,7 nolauschteren.
Programm:
Johann Strauss (1825-1899):
• Ouverture aus "Die Fledermaus"
Robert Schumann (1810-1856):
• Ouverture "Hermann und Dorothea", Op. 136
Felix Mendelssohn (1809-1847):
• Piano Concerto Nr. 1 a Sol mineur, Op. 25
Antonín Dvorák (1841-1904):
• Slaweschen Danz Nr. 2 a Mi mineur, Op. 72
Felix Mendelssohn (1809-1847):
• Hochzäitsmarsch, aus "A Midsummer Night's Dream", Op. 61'
Johann Strauss:
• An der schönen blauen Donau, Op. 314
Interpreten:
• Lang Lang, Piano
• Düsseldorfer Symphoniker
• Ádám Fischer, Direktioun