Wéi klengen d’Museksproffen, wann se selwer een Instrument spillen? Déi Fro beäntwert dëse Concert vum 16. November 2025, wou direkt 6 Proffen aus dem Stater Conservatoire eis Musek mat Harf a vill Blechblosinstrumenter presentéiert hunn. D’Harfenistin Dina Nimax, Simone Patz op der Trombone, d'Trompettiste Jeff Mack a Michel Speyer wéi och de Cornist Leo Halsdorf an den Tom Braquet op der Tuba féieren Iech duerch Wierker vu Jan Koetsier a William Schmidt.
Programm:
Jan Koetsier (1911-2006)
- Introductioun a Variatiounen iwwert d'Vysehrad Thema
- Metamorphose iwwert d'Moldau Thema
William Schmidt (1926-2009)
- Music for scrimshaws