Alles am Zeeche vum Pianostrio

headphones

126 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Wat ass eigentlech e Pianostrio? Sécherlech kee Stéck fir dräi Pianoen. Vill méi dréit et sech heibäi ëm Wierker, déi fir gewéinlech fir en Trio vun enger Gei, engem Cello an engem Piano geschriwwe goufen.

Datt dës Gattung sech grad esou wéi anerer och am Laf vun der Geschicht verännert huet an all Komponist dorausser seng eegen Interpretatioun gemaach huet, versteet sech vum selwen. Ëmsou méi interessant fir hei zwee stilistesch ënnerschiddlech Komponisten openeen treffen ze loossen. De Joseph Haydn, ee vun den Haaptkomponisten aus der Wiener Klassik, huet vill ënnerschiddlech Gattunge geschriwwen an där och net ze mann: ganzer 107 Sinfonien huet hien zu Liefzäite komponéiert.

Mee och bei de Pianostrioe war hie ganz produktiv. Esou ass et hei säin 39. Pianostrio a Sol Majeur, dee sech aus 3 Sätz zesummebaut an och nach de Bäinumm "Zigeinertrio" dréit. Dëst erkläert sech virun allem duerch de Rondo am leschte Saz. Deen huet eng Rei Motiver wéi de "Verbunkos", en typeschen Danz aus Ungarn vum 18. Joerhonnert, déi de Saz fir déi deemoleg Zäit zimmlech onkonventionell klenge loossen.

Do hannendrunner kënnt dann dat zweet Stéck vum Programm: dem Pjotr Iljitsch Tschaikowski säi Pianostrio a La mineur, säin éischten an och eenzegen. Dofir packt dësen et awer op eng Gesamtlängt vu bal 45 Minutten. Dëse Concerto, deen dem grousse Pianosvirtuos Nikolai Rubinstein dediéiert ass, setzt sech awer aus nëmmen zwee Sätz zesummen, déi allen zwee en Trauermarsch zum Schluss enthalen. Geschriwwen um Joreswiessel tëschent 1881 an 82, bestécht dëse Concerto och duerch seng Kontraster a virun allem déi vill Variatiounen am zweete Saz, déi d'Musek eropschaukelen bis zu enger ongebremster Ekstase. Dee Moment wou dës ofbrécht fält d'Musek zeréck an d'Theema aus dem éischte Saz a schléisst da mat engem Trauermarsch of.

Opgeholl gouf dëse Concert am Royal Concertgebouw zu Amsterdam.


Programm:

Joseph Haydn (1732-1809):

• Pianostrio Nr. 39 a Sol Majeur, Hob. XV:25 ("Zigeinertrio")

Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893):

• Pianostrio a La mineur, op.50

Interpreten:

• Noa Wildschut, Gei

• Benjamin Kruithof, Cello

• Nikola Meeuwsen, Piano

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Alles am Zeeche vum Pianostrio | © Kaupo Kikkas

Alles am Zeeche vum Pianostrio

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof spillt mat der Geiistin Noa Wildschut an dem Pianist Nikola Meeuwsen Pianostrioen vum Haydn an Tschaikowski.
headphones

126 min

play_arrow
Hommage un de Carlo Hommel | © Luxembourg Music Publishers

Hommage un de Carlo Hommel

De Carlo Hommel ass virun 20 Joer gestuerwen. Hie war Organist, Chouerleeder, Komponist, Enseignant a a fräie Mataarbechter vum Radio 100,7. Dëst ass e Concert-Hommage.
headphones

121 min

play_arrow
Véier Hänn, ee Piano | © Pixabay

Véier Hänn, ee Piano

D'Pianistinne Kae Shiraki an June Lee spille 4-hännege Repertoire vu Mozart bis Debussy.
headphones

108 min

play_arrow
Luxembourg Chamber Players | © Paul Reuss

Luxembourg Chamber Players

Vun Dänemark iwwer Schwede bis a Russland
headphones

136 min

play_arrow
Europa danzt ... | © Karol Sokolowski

Europa danzt ...

Den European Union Baroque Orchestra presentéiert extravagant Danzmusek aus Frankräich, England an Däitschland, komponéiert vu Rameau, Purcell, Telemann a Bach.
headphones

126 min

play_arrow
The Dream of Gerontius vum Edward Elgar | © Cristina Tanase

The Dream of Gerontius vum Edward Elgar

De Cristian Măcelaru dirigéiert eent vun de Meeschterwierker vum Edward Elgar, säi Vokalwierk "The Dream of Gerontius", an der Kölner Philharmonie.
headphones

122 min

play_arrow
Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival

Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof trëtt mat zwee Frënn op: mam Pianist Marco Sanna a mam Geiist Ruslan Talas
headphones

112 min

play_arrow
Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass | © Bohumil Kostohryz

Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass

"Ernstes Spiel - gespielter Ernst” ass de Motto vum Ofschlossconcert vun de MusicDays Vianden 2025.
headphones

124 min

play_arrow
Dem Bach seng Meeschterwierker | © Piergab

Dem Bach seng Meeschterwierker

De Raphael Pichon mécht säin Debut mat de Berliner Philharmoniker a presentéiert ënner anerem d'Mass a Si bémol Mineur vum J.S. Bach.
headphones

123 min

play_arrow
D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025 | © CG Watkins

D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025

"The orchestra: a body of sound", den Orchester als Klangkierper, dat war de Motto vun engem Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025.
play_disabled
Rencontre musicale | © Quell: Conservatoire de la Ville du Luxembourg

Rencontre musicale

An der Concertsbeschreiwung gouf scho kloer: dëse Concert ass eng Raritéit. An dat geet schonn aus der Besetzung selwer ervir: Harf mat Blechbléiser.
headphones

109 min

play_arrow
Orchestre de Chambre du Luxembourg live aus der Philharmonie

Orchestre de Chambre du Luxembourg live aus der Philharmonie

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg spillt Wierker vum Ravel a vum Hayden an interpretéiert eng Uropféierung vum Markus Brönnimann.
play_disabled
Märerchersstonn mam OCL | © Nebojsa Babic

Märerchersstonn mam OCL

E märchenhafte Concert vum Orchestre de Chambre de Luxembourg ënner der Baguette vum Mariano Chiacchiarini mat Erzielungen vun der Milla Trausch
play_disabled
Fokus op dem Verdi säi Requiem | © Felix König

Fokus op dem Verdi säi Requiem

Ronn 90 Minutte Musek als Undenken un den italieeneschen Auteur Alessandro Manzoni, oder awer un den Gioacchino Rossini?
headphones

130 min

play_arrow
Galaconcert vum Geza Anda Concours | © Matthew Huang

Galaconcert vum Geza Anda Concours

Galaconcert vum Geza Anda Piano Concours an der Tonhalle vun Zürich mat de Gewënner Mihály Berecz, Dmitry Yudin an Ilya Shmukler.
play_disabled
Romantesch Empfindlechkeet | © Pixabay

Romantesch Empfindlechkeet

Eng Formatioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker hëlt Iech mat an d'Klangwelt vum Anatoli Liadov, der Tatsiana Zelianko an August Klughardt. Ländlech, imaginär a ganz zougänglech.
play_disabled

Aus Nördlichen Gefilden

Stiermesch Melodien, lëfteg Klangfaarwen a räich Harmonien
play_disabled
Bach meets Jazz mam Brad Mehldau | © Simon Jay Price

Bach meets Jazz mam Brad Mehldau

Jiddereen ass e Fan vum Bach: de Strawinsky, Webern an och ... d'Jazz Musekerinnen a Museker.
play_disabled
Fusioun vu Vollekslidder a Klassik | © Blunderbuss NRK

Fusioun vu Vollekslidder a Klassik

Den Norwegesche Radiosorchester spillt ënnert der Leedung vum Petr Popelka an dem Ingar Bergby Wierker vum Mozart, Dvořák a Ligeti.
play_disabled
I got rhythm | © Kevin Prud'Homme

I got rhythm

Gershwin, Bernstein, Copland a vill aner amerikanesch Komponisten
play_disabled