Fir de Neijoersconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker vun dësem Joer huet sech den Dirigent vun deem Owend, de Gergely Madaras eppes Spezielles afale gelooss. Den ungaresche Museker wollt déi Musek déi esou oft op traditionellen Neijoersconcerte gespillt gëtt, dem Lëtzebuerger Publikum a senger ursprénglechster an originellster Form presentéieren. Dofir hat hien dräi ungaresch Museker mat ob Lëtzebuerg bruecht, déi bei verschiddene Stécker hir Traditioun mat afléisse gelooss hunn, an déi wärend oder ronderëm dës weltberüümte Stécker vu Brahms, Strauss a Liszt improviséiert hunn.
Dëst ass e Live Matschnëtt vum Concert vum 7. Januar 2026 an der Philharmonie dee vum Opus 100,7 fir Iech opgeholl ginn ass. An dës Opnam ass nach bis den 18. Mäerz fir Iech disponibel.
Programm :
Johann Strauss (Sohn) (1825–1899) : - Die Fledermaus Ouvertüre
Franz Lehár (1870–1948) : - Gold und Silber Walzer op. 79
Johannes Brahms (1833–1897) : - Ungarischer Tanz N° 1
Johann Strauss (Sohn) : - Im Krapfenwald’l
- Annen-Polka op. 117 (1852)
Franz Liszt (1811–1886) : - Ungarische Rhapsodie N° 1
Johannes Brahms : - Ungarischer Tanz N° 5: Allegro
Franz Liszt : - Ungarische Rhapsodie N° 2
Johannes Brahms : - Ungarischer Tanz N° 4
Johann Strauss (Sohn), Josef Strauss (1827–1870) : - Pizzicato-Polka
- Unter Donner und Blitz
- An der schönen blauen Donau
Johann Strauss (Vater) (1804–1849) : - Radetzky-Marsch op. 228
Interpreten :
Lajos Sárközy Jr. violon
Rudolf Sárközy contrebasse
Jenő Lisztes cymbalum
Luxembourg Philharmonic
Gergely Madaras