Musekalesch Selbstbestëmmtheet

headphones

129 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Wat geschitt wann een de Membere vun engem professionellen Orchester komplett fräi Hand léist wat d’Wierker ugeet déi si dierfe spillen sou wéi och d’Besetzung? Genau dat huet de Sloweenesche Symphonie Orchester gewot. A dobäi erauskomm ass e Concertsowend wou d’Orchestermuseker sech a Kammermuseker a Soliste verwandelen. Wou den Orchester sech iwwert déi gewinnte Grenzen ewechsetzt an an e Repertoire antaucht deen e bëssen ausserhalb vun hirem bekanntem Ëmfeld läit. An dat mat Wierker vu Casadesus, Vivaldi, Fauré an Dvorak.


Dëst ass e Live Matschnëtt vum Concert vum 1. Februar 2026 aus der Sloweenescher Philharmonie zu Ljubljana dee vun der Sloweenescher RTV opgeholl ginn ass. An dës Opnam ass nach bis de 17. Abrëll fir Iech disponibel.


Programm :


Henri Casadesus (1879-1947) : Concerto fir Braatsch am Stil vum J.C. Bach

Antonio Vivaldi (1678-1741) : Concerto fir zwee Celli a Sol mineur

Gabriel Fauré (1845-1924) : Élégie op.24

Antonín Dvořák (1841-1904) : Serenade fir Sträichorchester op.22


Interpreten :


Yasumichi Iwaki, Braatsch

Uršula Iwaki, Cello

Tomaž Sevšek Šramel, Cembalo

RTV Slovenia Symphony Orchestra

Jerica Kozole, Konzertmeister

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Musekalesch Selbstbestëmmtheet | © Janez Kotar

Musekalesch Selbstbestëmmtheet

D’Orchestermuseker verwandelen sech a Solisten an a Chambristen
headphones

129 min

play_arrow
Mat lénks | © Marco Borggreve

Mat lénks

Aussergewéinlech Wierker vum Beethoven, Ravel an Richard Strauss
headphones

121 min

play_arrow
Vum Grafsteen zum Monument | © Gregory Batardon

Vum Grafsteen zum Monument

Den Orchestre de la Suisse Romande ënner der Direktioun vum Jonathan Nott huet op ee méi nodenkleche Concert invitéiert.
headphones

123 min

play_arrow
Alles gezupft! | © Conservatoire de la Ville de Luxembourg

Alles gezupft!

E Live-Matschnëtt aus dem Stater Conservatoire, op deem dräi Enseignante mat Gittar a Mandolinn optrieden.
headphones

109 min

play_arrow
Neijoersconcert vum OPL

Neijoersconcert vum OPL

Déi schéinste Melodien tëschent Eisträich an Ungarn
headphones

121 min

play_arrow
Starpianistin Anna Vinnitskaya mat Rachmaninow | © Bjoern Kadenbach

Starpianistin Anna Vinnitskaya mat Rachmaninow

Tëschent Romantik a Modern: D’Anna Vinnitskaya an de Rundfunksinfonieorchester Berlin mam Rachmaninow sengem 1. Pianosconcerto an dem Bruckner senger monumentaler 2. Sinfonie
headphones

126 min

play_arrow
Nei polnesch Musek | © Aleksander Jalosinski

Nei polnesch Musek

Fir den 100. Gebuertsdag vum polnesche Radio huet am Lutoslawski Studio zu Warschau e Concert mat véier Uropféierunge vu polnesche Komponiste stattfonnt.
headphones

123 min

play_arrow
Legenden an Temperamenter | © Wikimedia commons

Legenden an Temperamenter

Vu Frankräich iwwer Éisträich bis erop a Skandinavie geet et musikalesch mat der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern.
headphones

122 min

play_arrow
De verluerene Fuedem | © Bohumil Kostohryz

De verluerene Fuedem

Le siècle de Lucia / non trovo il filo ass e Poème-Opera no engem Libretto vum Jean Portante mat Musek vum Maurizio Spiridigliozzi an enger Mise en scène vum Claude Mangen.
headphones

122 min

play_arrow
Alles am Zeeche vum Pianostrio | © Kaupo Kikkas

Alles am Zeeche vum Pianostrio

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof spillt mat der Geiistin Noa Wildschut an dem Pianist Nikola Meeuwsen Pianostrioen vum Haydn an Tschaikowski.
headphones

126 min

play_arrow
Hommage un de Carlo Hommel | © Luxembourg Music Publishers

Hommage un de Carlo Hommel

De Carlo Hommel ass virun 20 Joer gestuerwen. Hie war Organist, Chouerleeder, Komponist, Enseignant a a fräie Mataarbechter vum Radio 100,7. Dëst ass e Concert-Hommage.
headphones

121 min

play_arrow
Véier Hänn, ee Piano | © Pixabay

Véier Hänn, ee Piano

D'Pianistinne Kae Shiraki an June Lee spille 4-hännege Repertoire vu Mozart bis Debussy.
headphones

108 min

play_arrow
Luxembourg Chamber Players | © Paul Reuss

Luxembourg Chamber Players

Vun Dänemark iwwer Schwede bis a Russland
headphones

136 min

play_arrow
Europa danzt ... | © Karol Sokolowski

Europa danzt ...

Den European Union Baroque Orchestra presentéiert extravagant Danzmusek aus Frankräich, England an Däitschland, komponéiert vu Rameau, Purcell, Telemann a Bach.
headphones

126 min

play_arrow
The Dream of Gerontius vum Edward Elgar | © Cristina Tanase

The Dream of Gerontius vum Edward Elgar

De Cristian Măcelaru dirigéiert eent vun de Meeschterwierker vum Edward Elgar, säi Vokalwierk "The Dream of Gerontius", an der Kölner Philharmonie.
play_disabled
Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival

Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof trëtt mat zwee Frënn op: mam Pianist Marco Sanna a mam Geiist Ruslan Talas
play_disabled
Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass | © Bohumil Kostohryz

Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass

"Ernstes Spiel - gespielter Ernst” ass de Motto vum Ofschlossconcert vun de MusicDays Vianden 2025.
play_disabled
Dem Bach seng Meeschterwierker | © Piergab

Dem Bach seng Meeschterwierker

De Raphael Pichon mécht säin Debut mat de Berliner Philharmoniker a presentéiert ënner anerem d'Mass a Si bémol Mineur vum J.S. Bach.
play_disabled
D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025 | © CG Watkins

D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025

"The orchestra: a body of sound", den Orchester als Klangkierper, dat war de Motto vun engem Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025.
play_disabled
Rencontre musicale | © Quell: Conservatoire de la Ville du Luxembourg

Rencontre musicale

An der Concertsbeschreiwung gouf scho kloer: dëse Concert ass eng Raritéit. An dat geet schonn aus der Besetzung selwer ervir: Harf mat Blechbléiser.
play_disabled