"Echte und Wahl-Wiener", dat ass de Motto vum Concert vun de Solistes Europeéns, Luxembourg mam däitschen Oboist Albrecht Mayer an dem Chefdirigent Christoph König. Ufänke mécht de Concert mat "An der schönen blauen Donau" vum Johann Strauss Sohn, dem wuel bekanntste Walzer weltwäit an der inoffizieller Hymn vu Wien a vun Éisträich. Mam Solist steet dann dem Mozart säi Concerto fir Hautbois an Orchester Op. 29 op der Affiche, an zu gudder lescht grouss sinfonesch Musek vum Beethoven, déi ufanks "Bonaparte" amplaz vun "Eroica" geheescht huet.
Programm:
• Johann Strauss (Sohn): An der schönen blauen Donau
• Wolfgang A. Mozart (arr. Gotthard Odermatt): Concerto fir Hautbois an Orchester op. 29 d'après KV 293
• Ludwig van Beethoven: Symphonie N° 3 «Eroica»
Interpreten:
• Solistes Européens, Luxembourg
• Christoph König, Dirigent
• Albrecht Mayer. Hautbois