Erlief de Fréijoersconcert vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg live um Opus. E Samschdeg, den 11. Abrëll um 20 Auer iwwerdroe mir de Concert aus dem Mierscher Theater. Ënner der Direktioun vum Pit Brosius interpretéieren déi jonk Musekerinnen a Museker Wierker vum Wolfgang Amadeus Mozart, dem Joseph Haydn an dem Jean Sibelius.
Programm:
Wolfgang Amadeus Mozart: Die Zauberflöte, K. 620 - Ouverture
Joseph Hayden: Sinfonia Concertante a Si bémol Majeur, Hob. I:105
Jean Sibelius: Sinfonie Nr. 2, Op. 43
Artisten:
Orchestre National des Jeunes du Luxembourg
Pit Brosius, Direktioun
Solisten: Museker:innen aus dem Orchester