10 Enseignanten an Enseignanteën aus dem Escher Conservatoire hu sech zesummefonnt fir grouss Kammermusek fir Blosinstrumenter opzeféieren. Dorënner dem Beethoven seng "Parthia" an dem Thuille säi Sextett.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Parthia, Oktett fir Hautbois, Klarinett, Fagott a Cor, op.103
Sergei Prokofiev (1891-1953): Suite vun "Romeo a Julia" (Extraiten)
Ludwig Thuille (1861-1907): Sextett fir Piano a Blosquintett, op.6
Interpreten:
Päivi Kauffmann, Flütt
Jean-Paul Hansen an Inès Rieff, Hautbois
Romain Gross a Sharon André, Klarinett
Christophe Frisch a Jean-Claude Braun, Cor
David Sattler a Jérôme Theis, Fagott
Lynn Orazi, Piano
Dëse Concert gouf den 3. Februar 2024 am Escher Conservatoire opgeholl. D'Opnam ass disponibel bis den 19. Mee 2026.