An dësem Concert mam Titel Bridges ass villes e bëssen anescht wéi een dat op den éischte Bléck géif unhuelen. En Trio spillt zu 5, ee vun de Komponisten um Programm ass eng Fra, an een anere vun hinnen ass e Lëtzebuerger.
Den Trio Louvigny spillt hei zesumme mam Geiist Cesar Laporev an dem lëtzebuerger Pianist Pascal Meyer Wierker déi een net all Dag an de Concertssäll ze héiere kritt; d’Serenade op.10 vum Ernö Dohnanyi, ‘Fliessen.Zerfliessen’ vum Lëtzebuerger Komponist Camille Kerger an eng Fantasie vun der Germaine Tailleferre.
Dëst ass e Live Matschnëtt vum Concert dee vum Opus den 08. Mäerz am Kammermusekssall vun der der Philharmonie opgeholl gouf.An dir kennt dësen nach bis den 03. Mee an eiser Mediathéik nolauschteren.
Programm :
Ernő Dohnányi (1877-1960) : Sérénade op. 10
Camille Kerger (*1957) : Fließen, Zerfließen. Klavierquintett (commande Amis de l'OPL)
Germaine Tailleferre (1892-1983) : Fantaisie
Interpreten :
Fabian Perdichizzi, violin
Cesar Laporev, violin
Ilan Schneider, viola
Ilia Laporev, cello
Pascal Meyer, piano