Den Andris Polga an de WDR-Symponieorchester presentéieren héichdramatesch Sinfonik aus der Romantik. Dem Robert Schumann seng Manfred-Ouverture, komponéiert no der Romanvirlag vum “Lord Byron”, donieft dem Tschaikowski seng prächteg 4. Symphonie, déi an enger déiwer Liewenskris entstanen ass an och nach dem Brahms säi Concerto fir Gei an Cello. Gespillt gëtt dëse vun der jonker koreanescher Geiistin Sarang Seohyun Kim, déi 2023 - mat 14 Joer schonn - déi éischt Gewënnerin vum Tibor Varga Concours war an dem Cellist Daniel Müller-Schott, dee Gewënner vum Tschaikowski-Concours ass.
Programm:
Robert Schumann: Manfred op.115
Johannes Brahms: Concerto a La Mineur, op.102 fir Gei an Cello
Johann Halvorse: Passacaglia
Pjotr Tschaikowski: Sinfonie Nr. 4 a Fa Mineur
Interpreten:
Sarang Seohyun Kim, Gei
Daniel Müller-Schott, Cello
WDR Symphonieorchester
Andri Polga, Direktioun