D'Wuertspill vu Verstoppies an Haydn ass Programm: Niewent Extraiten aus de Sträichquartetter Op. 20 vu Wiener Klassiker erkléngen och méi jazzeg Téin. Dat eent verstoppt sech also ëmmer nees hanner deem aneren. Domat vermësche sech mam Haydn senger Musek och déi vum Arthur Possing an dem Brad Mehldau. An och den Haydn gëtt zum Deel vum Arthur Possing nei arrangéiert.
Programm:
Joseph Haydn (1732-1809): Sträichquartett, Op. 20, Nr. 5, I. Allegro moderato
Arthur Possing (*1996): Folk song
Arthur Possing (*1996): Soulful Mr. Clayton
Joseph Haydn (1732-1809): Sträichquartett, Op. 20, Nr. 1, IV. Finale: Presto
Brad Mehldau (*1970): Old West
Sting (*1951): Fields of Gold (arr. Arthur Possing)
Joseph Haydn (1732-1809): Sträichquartett, Op. 20, Nr. 4, I. Allegro di molto
Joseph Haydn (1732-1809): Sträichquartett, Op. 20, Nr. 2, II. Adagio (arr. Arthur Possing)
Edu Lobo/Chico Buarque: Beatriz (arr. Arthur Possing)
Interpreten:
Arthur Possing, Piano
Chaos String Quartet
Susanne Schäfer, Gei
Eszter Kuchió, Gei
Sara Marzadori, Braatsch
Bas Jongen, Cello
Dëse Concert gouf den 22. Mäerz am CAPE zu Ettelbréck opgeholl. D’Opnam ass bis den 8. Juni 2026 disponibel.